
Kuerz viru 17 Auer goufen d'Pompjeeë wéinst engem Hausbrand op Uewerkuer an d'Rue des Mines geruff. Et blouf beim Materialschued.
E Freideg kuerz no 17 Auer sinn tëscht Schëndels a Miersch zwee Autoen anenee gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt.
Géint 17:30 Auer sinn um Stafelter zwee Gefierer net laanschtenee komm. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.
Quasi ëm déi selwecht Zäit sinn tëscht Wilwerdang an der Wemperhaart en Auto an en Trakter kollidéiert. Hei war ënnert anerem och den Ettelbrécker SAMU an den Asaz komm. Wéi de CGDIS schreift, goufen zwou Persoune blesséiert.
En Accident op der A1 Richtung Stad, tëscht dem Tunnel Cents an dem Iergäertchen gouf et dann nach géint 19:15 Auer. Hei goufen och zwou Persoune verwonnt.
Um 21:12 Auer goufen d'Pompjeeën dann nach an d'Route de Diekirch an d'Weilerbaach geruff, well hei Hecke gebrannt haten.