Police-BulletinAlkoholiséierte Chauffer léisst Auto no Accident einfach stoen

RTL Lëtzebuerg
D'Police hat an der Nuecht op e Samschdeg direkt mat e puer Automobilisten ze dinn, déi ze vill gedronk haten. 6 Leit hu missen de Permis ofginn.

Bei engem Accident op der N12 vun Tënten a Richtung Sëll, deen och de CGDIS scho gemellt hat, war, wéi d’Police schreift, en Automobilist vun der Strooss ofkomm an am Gruef gelant. De liicht Blesséierte gouf vun de Rettungsdéngschter Réiden an Tënten versuergt. Den Alkoholtest beim Chauffer hat sech positiv erausgestallt, wouropshi säi Permis gezu gouf.

An der Rue du Commerce an der Stad war d’Police géint 22.45 Auer op e Won opmierksam ginn. Och hei hat den Automobilist ze déif an d’Glas gekuckt an huet missen de Fürerschäin ofginn.

Bei enger Vitesskontroll an der Areler Strooss zu Stroossen, war e Chauffer géint 2 Auer ugehale ginn, well en ze séier ënnerwee war a keng Luuchten unhat. Bei der Kontroll war och dësem Automobilist säin Alkoholtest positiv an de Permis gouf agezunn.

Géint 3 Auer war e Chauffer op der A13 a Richtung Esch a Schlaangelinnen ënnerwee. An dësem Fall huet den Automobilist allerdéngs den Alkoholtest refuséiert, wouropshin him de Permis entzunn an e provisorescht Fuerverbuet gesprach gouf.

Kuerz no 3 Auer war d’Police iwwer en Accident an der Stad informéiert ginn. An der Rue des Trevires war en Auto géint zwee geparkt Ween gerannt, woubäi ee vun den Autoen an eng Mauer vun engem Virgäertche geschleidert gouf. Den Auto, dee fir den Accident responsabel ass, gouf bei de Kollisioune staark beschiedegt a koum um Trottoir zum Stoen. Wéi d’Beamten op der Plaz ukoumen, war kee méi am Won.

Am Kader vun enger Sich konnten de Proprietär vum Auto an zwou weider Persoune kuerz drop ugetraff ginn. De Parquet, deen informéiert gi war, huet eng Enquête fir d’Ermëttlung vum Chauffer, dee fir den Accident responsabel ass, ordonéiert. Wéinst positiven Alkoholtester hunn zwou Persoune missen de Fürerschäin ofginn an ee provisorescht Fuerverbuet gouf ausgeschwat.

Um Belval an der Rue du 1er Mai gouf iwwerdeem eng Stonn méi spéit e weidere Chauffer mat ze héijer Vitess gestoppt. Och hei hunn d’Beamte bei der Kontroll direkt gemierkt, datt de Chauffer ze vill gedronk hat. Well de maximal erlaabte Promillwäert iwwerschratt war, huet och dësen Automobilist de Permis missen ofginn.

Géint 5.30 war e weidere Chauffer vun enger Patrull an der Route d’Esch an der Stad ugehale ginn, well dësen och wéinst sengem Fuerstil opgefall war. Hei war den Alkoholtest zwar och positiv, ma de Promillwäert louch ënnert dem Resultat vun 1,2‰.

Back to Top
CIM LOGO