
De Chauffer wier der Police no relativ séier a Richtung Schandel ënnerwee gewiescht, doropshin hätten d’Beamten decidéiert, him nozefueren. Am Agank vun der Uertschaft wier dunn nach zousätzlech op de Gas gedréckt ginn.
Wéi de Won a Richtung Rëmerech ofbéie wollt, huet den Automobilist wéinst ze héijer Vitess d’Kontroll verluer. Hie krut op der lénker Säit e Schantjen ze paken, wouropshi sech den Auto iwwerschloen huet an am Gruef um Daach leie bliwwen ass.
Dem Chauffer ass näischt geschitt, et huet sech awer erausgestallt, datt hien ze vill gedronk hat.