Am LokalenAlkoholiséierte Chauffeur gëtt bei Accident zu Nidderkuer blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend huet et zu Nidderkuer an der Rue Pierre Gansen géint 19 Auer geknuppt.

Zu Nidderkuer hat e Chauffeur an der Rue Pierre Gansen fir d’éischt ee geparkten Auto geschréipst, ier en e puer Meter weider frontal an ee geparkten Auto geknuppt ass. De Chauffeur gouf a sengem Won ageklemmt an huet misste vu Secouristen aus dem Auto befreit ginn. De SAMU an eng Ambulanz vu Käerjeng-Péiteng waren op der Plaz vum Accident. Mat liichte Blessure koum de Chauffeur an d’Klinick.

En Alkoholtest war der Police no net méiglech, mee de Mann huet kloer Unzeeche vun Alkoholafloss gewisen. Doropshi gouf eng Bluttprouf geholl.

Zu Bieles hunn an der Rue Gaalgebierg iwwerdeems géint 19 Auer eng Rei Hecke gebrannt. D’Feier konnt allerdéngs vun de Pompjeeë vu Suessem, Déifferdeng an Esch ënner Kontroll bruecht ginn.

E Motocyclist war dann zu Esch am Rond-point an der Schmelz gefall, de Chauffer gouf blesséiert. Hei waren déi lokal Rettungsekippen am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO