PoliceAlkoholiséierte Chauffeur op der A4 ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Den Automobilist ass e Sonndeg de Mëtteg géint 16 Auer ënnerwee gewiescht.
© RTL Archiv

Wéinst der Aart a Weis, wéi den Automobilist gefuer ass, huet d'Police de Mann op der Héicht vum Salzhaff kontrolléiert. De Chauffeur hat ze vill gedronk an duerft och net méi weider fueren.

Eng gréisser Alkoholkontroll gouf et dann nach e Freideg tëscht 22 Auer an 00.45 Auer zu Biissen an zu Kruuchten. 2 Fäll ware positiv, ma kee Permis huet missten agezu ginn.

Back to Top
CIM LOGO