
Géint 22.10 Auer gouf d'Police op dësen Asaz geschéckt. Wéi si op der Plaz ukoumen, konnte si erausfannen, datt de Foussgänger, dee staark alkoholiséiert war, um Bee blesséiert gouf. Beim Automobilist gouf festgestallt, datt seng Assurance net méi gëlteg war, dofir gouf den Auto vun der Police séchergestallt. Den Accident gouf zu Protokoll geholl.
Um Kierchbierg hat an der Nuecht en Automobilist um Boulevard Prince Charles eng Verkéiersinsel iwwersinn a war dono an e Bam gerannt. Wéi d'Polizisten op d'Plaz koumen, war den Auto nach do, ma de Besëtzer net méi. Dee gouf kuerz dono bei sech doheem ugetraff. De Mann war net blesséiert, hat awer wuel ze vill gedronk. De Parquet huet de Permis anzéie gelooss an de Mann gouf protokolléiert. Och hei waren d'Pabeiere vun der Assurance net an der Rei, esou datt den Auto séchergestallt gouf.
Zu Esch gouf et dann en Accident op der Kräizung "um Gruef" mat der Kanalstrooss. En Auto war iwwert eng Heck op den Trottoire geroden an dono an d'Mauer vun engem Virgäertche gerannt. D'Automobilistin an hir Begleedung hate sech heibäi net blesséiert, ma d'Fra hannert dem Steierrad hat däitlech ze vill gedronk. De Permis gouf agezunn an e Protokoll gouf erstallt.