Wéinst MordmenaceAlkoholiséierte Mann an der Stad verhaft

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Dënschdeg gouf eng Persoun gemellt, déi an engem Lokal an der Kapuzinerstrooss an der Stad enger anerer mam Doud gedreet huet.

D’Polizisten hunn op der Plaz e staark alkoholiséierte Mann ugetraff, deen direkt e puer Leit an deem Lokal belästegt huet. De Mann gouf mat op de Policebüro geholl, wou en sech awer net berouegt huet, ma éischter de Géigendeel dovun.

En huet d’Nuecht am Arrest verbruecht.

Back to Top
CIM LOGO