Zwee Virfäll zu EschAlkoholiséierte Mann belästegt Passanten, Automobilistin hantéiert viru Policebeamte mat Messer

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg am Nomëtteg, respektiv an der Nuecht op e Freideg, goufen et fir d'Police zwee verschidden Asätz zu Esch.
© Laurent Weber

Géint 15 Auer gouf e staark alkoholiséierte Mann bei der Porte de France gemellt, deen hei Passante belästege géing. No engem Gespréich mat der Police huet de Mann d'Plaz verlooss. Eng zwou Stonne méi spéit soll hien awer nees Foussgänger belästegt hunn, wouropshin en an eng Ausniichterungszell bruecht gouf.

An der Nuecht op e Freideg, kuerz virun 3 Auer, krut d'Police gemellt, datt an der Rëmelenger Strooss Menacen ausgeschwat goufen. Op der Plaz goufen zwou Persouen ugetraff, déi an engem Auto souzen. D'Fuererin hat der Police no e Messer an der Hand. Wéi d'Beamten d'Fra opgefuerdert hunn, d'Messer falen ze loossen, huet de Bäifuerer hir et ofgeholl an op de Buedem geheit. Déi zwee goufe vun der Police immobiliséiert a koumen op de Policebüro. Si solle sech wärend der Prozedur iwwerdeems onkooperativ verhalen hunn an hunn och den Androck gemaach, drogéiert gewiescht ze sinn. E Fuerverbuet gouf ausgestallt, wéi och e Protokoll wéinst Menacen.

Back to Top
CIM LOGO