StadAlkoholiséierte Mann huet eng Poubelle an eng Vitrinn geheit an ass fortgelaf

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt e Fall vu Vandalismus an der Nuecht op e Mëttwoch an der neier Avenue an der Stad.

Géint 1.30 Auer hätt eng Persoun eng Poubelle an eng Vitrinn geworf a wier du fortgelaf, wéi d’Alarmanlag ugaangen ass. D’Police huet kuerz drop e Verdächtege fonnt, dee staark alkoholiséiert war a sech géint d’Beamte gewiert huet.

De Mann hätt eng Gefor fir sech selwer an anerer duergestallt a koum dowéinst an d’Ausniichterungszell.

An der Nuecht op e Mëttwoch sinn iwwerdeems an der Stad 2 Chaufferen duerch hire Fuerstil opgefall, sou d’Police, béid kruten de Führerschäin wéinst Alkohol ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO