
De Mann war ausser sech, huet refuséiert seng Identitéitskaart ze presentéieren an huet ugefaangen d'Leit ze beleidegen. Dee Moment gouf nach ee weidere Mann vu Sécherheetsleit op de Policebüro "eskortéiert", deen ze déif an d'Glas gekuckt hat.
Wéi d'Beamten ee vun de Männer ënnersiche wollten, huet dësen zougeschloen. De Polizist huet de Coup ofgewiert an et koum zu Handgräiflechkeeten. De Mann huet souguer probéiert un de Waffegurt ze gräifen.
Ee Beamten, ma och den Ugräifer selwer goufe liicht blesséiert. En Dokter huet missen op d'Plaz geruff ginn. Et gouf protokolléiert.