PoliceAlkoholiséierte Mann menacéiert Spidolspersonal um Kierchbierg

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et e Méindeg den Owend zu engem Tëschefall mat enger alkoholiséierter Persoun am Spidol um Kierchbierg.
© RTL Archivbild

Kuerz no 21 Auer gouf e Mann gemellt, dee sech géif de Batti stellen. Den alkoholiséierte Mann gouf vun enger Policepatrull immobiliséiert. Dobäi gouf och e Messer sécher gestallt. A well hie sech ëmmer méi aggressiv beholl huet an eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, koum hien an Arrest.

Back to Top
CIM LOGO