
Dat ënner anerem bei grousse Kontrollen, déi vum Parquet ordonnéiert goufen, dat um Boulevard Kockelscheier an der Stad tëscht 23 an 23.45 Auer, an der Rue de Beggen tëscht 0.45 an 1.30 Auer an an der Route d’Arlon tëscht 2.30 an 3.30 Auer. Dobäi goufen 168 Chauffere kontrolléiert. 11 vun hinnen haten ze vill gedronk a véier dovu kruten de Permis ofgeholl.
Zu Ierpeldeng un der Sauer war géint 20 Auer en Automobilist ënnerwee, dee Schlaangelinne gefuer ass. E Stroosseschëld hat de Mann dobäi och beschiedegt. D’Police konnt d’Gefier, dat beschiedegt war, beim Besëtzer vum Auto doheem erëmfannen. Well den Alkoholtest vum Mann positiv war, gouf de Permis agezunn.
Zwou Stonne méi spéit ass enger Patrull zu Bouneweg en Automobilist opgefall, deen däitlech ze séier ënnerwee war. Wéi si d’Gefier stoppe konnten, ass de Beamten och opgefall, datt de Mann ze déif an d’Glas gekuckt hat. Hei war de Permis fort an de Parquet huet den Auto saiséiere gelooss.
Opgefall sinn dann och nach e Chauffer géint 1.20 Auer op der A7 Héicht Colmer-Bierg an eng Automobilistin zu Ouljen géint 5.40 Auer. Och si haten ze vill gedronk an hunn de Permis dierfte bei de Beamte loossen.
Géint 3 Auer dann hat e Chauffer op der Côte d’Eich e Policewon mat sengem Auto touchéiert a liicht beschiedegt. Den Automobilist ass awer net stoe bliwwen an ass einfach weidergefuer, esou datt d’Polizisten him nogefuer sinn. Wéi si hien dunn op der Theaterplaz stoppe konnten, huet sech erausgestallt, datt och hei Alkohol am Spill war. De Permis war fort an eng Plainte gouf gemaach.