
Bei 617 getesten Automobilisten war d’Resultat a 5 Fäll positiv an an 2 Fäll gouf e Protokoll geschriwwen. Et war awer a kengem Fall sou schro, dass de Fürerschäin hätt mussen agezu ginn.
En Donneschdeg den Owend géint 19 Auer huet en Automobilist zu Kielen d’Kontroll iwwert säi Won verluer, ass an e Luuchtepotto gerannt an duerno an e geparkten Auto. Den Alkoholtest beim Chauffer war positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.
E Freideg géint 3 Auer ass enger Policepatrull en Auto opgefall, deen op der Bäifuerersäit getéitscht war an ouni Geliits op der N7, op der Héicht vum Fridhaff a Richtung Norden ënnerwee war. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Chauffer huet de Fürerschäi mussen ofginn.
En Automobilist an der Stad hat dat selwecht Schicksal. En ass um Freidegmoie géint 4 Auer um Boulevard de la Fraternité ugehale ginn an den Alkoholtest war positiv an domat de Fürerschäi fort.