
Op Uerder vum Parquet stoung d’Police tëscht 20 an 21 Auer an der Rue du Golf zu Senneng, tëscht 21.45 an 22.45 Auer nach emol an der Réimecher, respektiv Haaptstrooss zu Sandweiler.
Am Ganze goufen 244 Chaufferen, och ouni Indice op en alkoholiséierten Zoustand, kontrolléiert. Keen hat eppes gedronk, ma an 3 Fäll gouf et en Avertissement taxé wéinst Infraktiounen am Hibléck op de Code de la route.
Permis op enger anerer Plaz agezunn
Méi spéit gouf op der Héicht vun der Route de Thionville zu Hesper en Auto gemellt, deen am Zickzack ënnerwee wier. Eng Policepatrull huet d’Automobilistin kuerz drop ugetraff. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.
An der Nuecht du koum et an der Géigend vun der Ettelbrécker Gare zu engem Accident. En Auto war do an eng Mauer gerannt. Wéi d’Police op d’Plaz koum, wollt den offensichtlech alkoholiséierte Chauffer sech ze Fouss ewechmaachen. Hie konnt gestoppt ginn, huet awer en Alkoholtest refuséiert, wat als Konsequenz hat, dass de Permis nach op der Plaz fort war.
Well de Mann eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, koum hie fir auszeniichteren an Arrest. Bei him goufe spéider nach Drogen-Accessoiren an e verbuedent Messer séchergestallt. A sengem Won gouf donieft nach eng kleng Quantitéit Haschisch fonnt. Hie gouf protokolléiert.