
E Buschauffer hat d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer a war am Gruef un d’Hale komm. Wéi et vun der Police heescht, war den Alkoholtest beim Buschauffer positiv. Hien huet säi Führerschäin missen ofginn.
Beim Accident gouf kee vun de sechs Passagéier blesséiert. De Bus gouf am Laf vum Samschdegowend ofgeschleeft. Duerch den Accident ass awer Bulli op der Strooss, dofir heescht et op der Plaz weider oppassen.

E Samschdeg am Nomëtteg sinn dann nach zwee Cyclisten tëscht Fréiseng an Uespelt net laanschtenee komm. Hei gouf eng Persoun blesséiert. An da mellt de CGDIS nach eng Persoun, déi zu Rëmeleng ugestouss ginn ass. Och hei gouf et ee Blesséierten.