
... de Responsabele vum Kierchefong hat dat am RTL-Interview confirméiert.
D'Kritäre wäre geännert ginn an d'Lafzäite fir d'Konventioune géife vun 20 op 40 Joer gehéicht ginn; dat heescht, datt Sozialwunnengen op d'mannst wärend 40 Joer mussen ënner soziale Kritäre verlount ginn. Zwou parlamentaresch Froe sinn doropshin gestallt ginn...d'Äntwerte vun der Ministesch Sam Tanson hunn net laang op sech waarde gelooss.
All d'Demandë ginn d'nämmlecht behandelt, dat äntwert d'Logementsministesch dem gréngen Deputéierten Henri Kox. Ausgebremst géif also kee ginn.
D'Sam Tanson confirméiert, och an der Äntwert op d'Fro vun den CSV-Deputéierte Marc Lies a Gilles Roth, datt hire Ministère decidéiert hätt, fir d'Lafzäite vun 20 op 40 Joer eropzesetzen. Domadder wëll een erreechen, datt d'Wunnenge méi laang méi gënschteg verlount an ënnerhale ginn. Dat wär am Sënn vun der Saach, fir ebe méi Sozialwunnengen ze kréien; aktuell ginn et just 2% Sozialwunnengen - Wunnengen, déi zu 75% vum Staat finanzéiert ginn.
De Ministère géif och net op Zäit spillen, wat d'Analys vun den Demanden ugeet. Mat Héichdrock géif un enger Reform vum Gesetz vun 1979 geschafft ginn, well et eng Rëtsch Inkoherenze géif ginn an déi staatlech Hëllefe misste konform gesat ginn. Kritäre kéinten also och en cours de route geännert ginn, wann néideg.
Weider gëtt et d'Iddi vun enger Zesummenaarbecht tëscht dem Fonds du logement an dem Kierchefong. Dat confirméiert d'Logementsministesch.
Wéi gesot: An den Äntwerten heescht et, datt jiddereen, dee Sozialwunnraum wëllt schafen, géif gläich behandelt ginn. D'Wort bleift awer dobäi, datt dat net de Fall ass. D'Ministesch Sam Tanson hätt bis ewell 7 Konventioune mat 4 privaten Träger ënnerschriwwen, 6 dovunner mat net-kierchleche Gesellschaften, ëmmer mat enger Lafzäit vun 20 Joer. Eng Konventioun gouf mat enger Por ënnerschriwwen, dat mat enger Lafzäit vu 40 Joer. Vu Gläichbehandlung also keng Spuer, seet d'Wort.
D'Por vun Diddeleng hätt sech net géint déi 40 Joer gewiert, wousst zu deem Ament awer net, datt fir déi aner privat Gesellschaften 20 Joer gëllen.