
Alleguer d’Lëtzebuerger Spideeler, an haaptsächlech den nationale Service vun den Infektiounskrankheeeten am CHL, wiere preparéiert, fir Patienten ze behandelen, déi mam geféierlechen Dengue-Féiwer ageliwwert ginn.
An der Lescht wier d’Dengue-Féiwer, dat via Moustiquen iwwerdroen gëtt, jo nees virun allem an Indien ausgebrach, mä och an de waarmen Süd-Europa-Regiounen triede reegelméisseg Fäll op.
Am CHL géifen dann och reegelméisseg Leit behandelt ginn, déi sech no enger Vakanz an esou Regiounen ugestach hätten, schreift d’Ministesch.
Am Laf vum nächste Joer soll d’Direktioun vun der Santé och zesumme mam Naturmusée an engem renomméierte Schwäizer Expert eng Zort Moustiquen-Atlas publizéieren. Den Haapt-Vecteur vum Dengue-Virus, nämlech déi ominéis Tiger-Moustique, am Fach-Jargon Aedes albo-pictus genannt, wier bis ewell nach net zu Lëtzebuerg nogewise ginn.