Et ass ëmmer nach en Tabuthema. Och wann een enger Persoun ofgesäit, dass se eng Rei Kiloen ze vill huet, sou fält et villen awer schwéier, ëffentlech driwwer ze schwätzen. Aus Angscht virun de Reaktiounen an och wéinst Schimmt. Engersäits wéinst der Obesitéit u sech, awer och Schimmt, well vill iwwergewiichteg Leit a virun allem Mannerjäreger dacks Affer vu Mobbing sinn.
Mobbing géif dat schlecht Kierpergefill, wat déi Jonk souwisou scho vu sech hätten, nach verstäerken, erkläert eng Psychologin. Dat géif iwwerdeems Stress, Depressiounen oder Ängschten ausléisen a sou Situatioune géife bei ville Kanner zu Friessattacke féieren. D’Obesitéit wier deemno eng chronesch Krankheet an en Däiwelskrees.
Fir Adipositas - esou gëtt Obesitéit bezeechent - ze behandelen, wieren dofir multidisziplinär Ekippen am Spidol an doriwwer eraus néideg. Kannerdokteren, Dieteticienen a Psychologe schaffen a sou Fäll enk zesummen.
D’Yara Loureiro Barbosa gouf scho vu klengem un an der Schoul belästegt, well et extrem déck war. Dat 14 Joer aalt Meedchen huet iergendwann selwer seng Eltere gefrot, fir psychologesch kënne betreit ze ginn, well et him mental net méi gutt gaangen ass.
D’Yara huet geléiert, säi Kierper z’akzeptéieren, wëll awer trotzdeem och ofhuelen, fir sech méi wuel ze spieren. Mat sengem Temoignage virun der Kamera wëll dat couragéiert Meedchen, dat a Frankräich an d’Schoul geet, anere jonke Betraffene weisen, dass se sech net musse verstoppen an net schumme sollen, fir Hëllef ze froen. Souwuel fir d’Iwwergewiicht ze behandelen, wéi awer och fir ze léieren, mat Mobbing ëmzegoen.