
Um 9 Auer krut en Auto an der Route d’Esch an der Stad e Motorradsfuerer ze paken. Eng Persoun gouf dobäi liicht blesséiert. Op der Plaz am Asaz waren d’Rettungsdéngschter aus der Stad.
Um CR331 tëscht Nacher a Kautebaach war kuerz virun 10 Auer e Chauffer mat sengem Motorrad gefall an dobäi liicht blesséiert ginn. D’Ambulanz vu Wolz an d’Pompjeeë vun Géisdref waren am Asaz.
Kuerz virun 15 Auer um Dënschdeg Mëtteg war dann um Houwald an der Rue des Joncs e weidere Motocyclist vun engem Auto ugestouss ginn. Och hei gouf eng Persoun liicht blesséiert. D’Ambulanz an d’Pompjeeën aus der Stad waren op Plaz, grad ewéi de Samu.