Net esou einfach, wéi ee mengtAllgemenge Pfandsystem fir Lëtzebuerg geschwë Realitéit?

RTL Lëtzebuerg
Vidange op Fläschen: wou mécht et Sënn a wou net? Wou leien d'Erausfuerderungen? Wat sinn d'Vir- an Nodeeler a wéi leeft dat haut an der Praxis of?
Net esou einfach: Allgemenge Pfandsystem fir Lëtzebuerg geschwë Realitéit?
Vidange op Fläschen: wou mécht et Sënn a wou net? Ma wou leien d’Erausfuerderungen? Wat sinn d’Vir- an Nodeeler a wéi leeft et haut an der Praxis of?
Spullen, fëllen, etikettéieren a rëm zréck an de Supermarché domat – bis de Client seng Fläschen nees eidel ofgëtt an et rëm vu vir lassgeet. Dat ass de Prinzip vum Vidange, sou wéi mir en hei am Land kennen. An der Brauerei zu Käerjeng leeft dat alles automatesch a mat enger enormer Vitess of. Eng 27.000 Béierfläsche ginn an der Stonn gefëllt. Op engem gudden Dag kënnt een esou op 300.000 Fläschen, erkläert de Produktiounsdirekter Maurice Treinen. Eleng d’Spullanlag, déi jo essentiel ass, wann ee mat Vidange schafft, huet ëm déi 1,5 Milliounen Euro kascht. An awer lount et sech finanziell. De Maurice Treinen:

“Eng Fläsch, wann ee se lo keeft – duerch de Krich, d’Energiepräisser a sou weider, sinn d’Präisser immens an d’Luucht gaangen – kascht iwwer 20, wann net souguer 25 Cent. Wann ee lo bedenkt, dass ee sou eng Fläsch siwe Mol am Joer ka fëllen an dat theoretesch sou laang, bis se futti geet. Mir hu Fläschen, déi sinn 10 Joer al, da kënnt dir jo ausrechnen, wat esou eng Fläsch manner kascht, wéi wann een eng nei allkéiers muss kafen.”

Ongeféier 80 Prozent vun hire Béierproduite gi mat Vidange verkaf, sief dat an der sougenannter “Mehrwegfläsch” oder am Faass, dat genee sou gespullt an nees benotzt gëtt. D’Waasser, dat d’Brauerei virun e puer Joer op de Marché bruecht huet, gëtt et souguer nëmme mat Vidange ze kafen. Dobäi gëtt all eenzel Fläsch streng kontrolléiert, ier se nees an den Asaz kënnt.

Ma ier déi benotzte Fläschen an der Brauerei ukommen, musse se fir d’éischt sortéiert ginn an enger weiderer Etapp vum Kreeslaf. An dat geschitt zu Éilereng bei engem vun de gréissten Depositairen aus der Groussregioun. Ronn 10.000 Cageoten den Dag landen do um Fléissband, wou den Tri vum Vidange gemaach gëtt. Ma net ëmmer packt all Fläsch et nees zréck an de Circuit, erkläert de Logistikdirekter Fabien Stanczyk. Heiansdo ass et fir de Client nämlech guer net esou einfach, ze erkennen, wou Vidange drop ass a wou net.

De Fabien Stanczyk:

“A partir du moment où il y a la caisse, on sait que c’est le vidange. S’il n’y a pas la caisse, malheureusement ça peut être une bouteille qui sera éliminée.”

Wat d’Distanz méi grouss ass, wat de Vidange manner Sënn mécht

Lo kommen awer natierlech net all d’Fläsche vu lokale Produzenten. Och auslännesch Marken, wéi z.B. San Pellegrino, schaffe mat Vidange. Déi Fläsche mussen e méi wäite Wee zréckleeën, fir frësch befëllt ze ginn. Kënnt eng nei Liwwerung aus Italien un, hëlt de Camion op sengem Retour déi eidel Cageoten nees mat. Esou versicht een den Impakt op d’Ëmwelt e Stéck ze reduzéieren, esou de Fabien Stanczyk. Wat dat ugeet, hätt d’Situatioun sech an de leschte Jore verbessert. De ganzen Deel vun der Streck duerch d’Schwäiz géing mam Zuch zréck geluecht ginn, esou de Fabien Stanczyk.

Am Beschte wier et deemno lokal ze schaffen an d’Distanzen esou kuerz wéi méiglech ze halen. Do mécht de Vidange am meeschte Sënn.

Generelle Pfandsystem: Vidange op Eewee-Plastiksfläschen a Béchsen

Mee firwat geet de Pfandsystem zu Lëtzebuerg net méi wäit? An Däitschland zum Beispill ginn och Eewee-Plastiksfläschen a Béchse mat Pfand verkaf. Mam Zil, dass manner Verpackungen an der Natur landen an dofir méi am Recycling. Eppes, wat zu Lëtzebuerg ëmmer nees gefuerdert gëtt, awer net esou einfach ëmzesetzen ass, virop well de Gros vum Gedrénks aus der Belsch kënnt, erkläert de Claude Turping vun der Valorlux.

De Claude Turping:

“De Pfand am Alleingang fir Lëtzebuerg kéint déi Schwieregkeet mat sech bréngen, dass déi Produiten, déi an der Belsch produzéiert an hei consomméiert ginn, missten dee jeeweilege spezifesche Marquage hunn, dee se fir den Automat erkennbar mécht. An domat kéint een de Risiko lafen, dass Leit aus anere Länner mat hire Fläschen heihinner kéimen an déi da géint de Pfandwäert ëmtausche géingen.”

De Commerce transfrontalier kéint iwwerdeems ofhuelen, vue dass et fir d’Frontalieren net méi attraktiv wier, hei anzekafen, wa se d’Fläschen nees zréckbrénge missten. Dobäi kënnt de finanzielle Volet vum Vidange – an domat sinn net nëmmen déi deier Pfand-Automate gemengt.

De Claude Turping:

“En anere Punkt, dee vläicht ville Leit net bewosst ass beim Pfand, dat ass de sougenannte finanzielle Clearing. Dat heescht, wa lo iergendee Commerce vill Produite verkeeft, huet dee jo um Enn vum Dag de Pfand a senger Keess. An den aneren, dee jee nodeem wou e läit, vill Produiten erëm geholl huet, huet dat sougenannte Lach an der Keess. Dat muss um Enn vum Joer finanziell equilibréiert ginn.”

D’Virdeeler wieren awer och net vun der Hand ze weisen, esou de Claude Turping: manner Littering an eng verstäerkt Sammlung. Ma e Konzept misst virun allem an Zesummenaarbecht mat der Belsch ausgeschafft ginn.

An effektiv wier een a Kontakt mat all de concernéierten Acteuren am Benelux-Raum, fir déi beschtméiglech Léisung ze fannen, heescht et vun der Ëmweltverwaltung. Eppes Konkretes steet awer nach net um Pabeier. Et wéilt een ofwaarden, wat op EU-Niveau festgehale gëtt.

Firwat gëtt et kee Vidange op Wäifläschen?

Geet et ëm d’Benotze vu Mehrwegfläschen, gëtt de Wäi meeschtens ausgeklamert. Dobäi ass d’Iddi, fir mat Vidange ze schaffen, net nei. “Traditionell si laang Fläschen zréckgeholl a gespullt ginn”, erkläert de Marc Weyer, President vum Wënzerverband, “d’Konsumverhale war anescht an et ware méi Wäiner an der Literfläsch”. D’Iddi, fir eng zentral Spullanlag fir de ganze Secteur ze bauen, wier an de 90er Joren awer gescheitert. Sou dass et fir d’Wënzer deen Ament méi Sënn gemaach huet, iwwert de Wee vum Recycling ze fueren an ëmmer rëm nei Fläschen ze kafen. Haut ass d’Situatioun awer eng aner. Héich Präisser fir Glasfläschen a Liwwerenkpäss féieren dozou, dass d’Iwwerleeungen nees méi a Richtung Vidange ginn. Dobäi gëtt et awer eng Rei Contrainten.

De Marc Weyer:

“Et ass jo och esou, dass d’Fläsch haut méi ass wéi nëmmen e Behälter, wou e Liquid dra kënnt. Mee et zielt jo och am Fong zum Marketing vum Betrib. Wann dir kucke gitt an de Wäirayon, do leien 1001 verschidde Fläschen, well et einfach zur Ausstattung vun engem Betrib gehéiert. Dat mécht et natierlech net méi einfach. An esou engem Projet ass z’iwwerleeën, ob ee sech kéint op e puer Modeller vu Fläschen eenegen.”

Doriwwer eraus gëtt Wäin net esou séier consomméiert, wéi Waasser oder Béier. D’Fläsche leien dacks iwwert e méi laangen Zäitraum doheem am Keller – wat net dem Sënn vum Vidange entsprécht, wou d’Fläsche relativ séier nees zréck an den Ëmlaf bruecht ginn.

Wat beim Wäin zwar komplizéiert, mee méiglech wier, kënnt beim Cremant net a Fro – aus Sécherheetsgrënn. Vue dass déi Fläschen en Drock vu 6 Bar oder méi mussen aushalen, dierfe se keng zweet Kéier benotzt ginn. Fir de Rescht wier ee sech der Problematik vun der schlechter Ökobilanz vun Eewee-Glasfläschen awer bewosst. Ma et bleiwen nach vill Froen ze klären, net just bei de Wënzer, ma bei all den involvéierten Acteuren. E generelle Pfandsystem fir Lëtzebuerg: jo – wéini, steet awer nach an de Stären.

Back to Top
CIM LOGO