
Dofir gëtt d’allocation de solidarité eropgesat an et kënnt eng nei Energie-Primm, wéi de Stater CSV-Schäffe Laurent Mosar e Mëttwoch am RTL-Moiesjournal erkläert huet.
Bei enger Famill mat zwee Kanner wier et e finanziellen Ausgläich vun 1.130 Euro. Et wier e groussen Effort, well eng 6.000 Stéit wäre betraff. D’Hëllef soll onkomplizéiert a séier kommen. Am Abrëll géifen d’Formulairen dofir un déi concernéiert Stéit geschéckt an d’Sue bannent zwou Wochen ausbezuelt ginn.
D’Mesurë goufen en Dënschdeg an der Finanzkommissioun vun der Stater Gemeng ugeholl. Den 28. Mäerz solle se am Gemengerot gestëmmt ginn. An och déi 800 Betriber an der Stad sollen Hëllef kréien. Dës wieren awer nach an der Maach, well een hei vun EU-Reegelen ofhängeg wier.