Etüden iwwer de Logement, de Lëtzebuerger Aarbechtsmaart, d’Frontalieren, de Gesondheetssystem, oder iwwer déi urban Entwécklung an d’Mobilitéit. De sozio-ekonomesche Fuerschungszenter Liser mécht Recherchen a ganz verschiddene Beräicher an zitt e gudde Bilan vun zejoert a generell vun der leschter Fuerschungs-Period tëscht 2018 an 2021.
Et gouf méi interdisziplinär mat aneren Acteure geschafft, et gouf op vill méi diverse Sujete recherchéiert an donieft koume méi Fongen an Finanzementer eran. Deementspriechend goufe vill méi Projete realiséiert mä et wier essentiell och weiderhin als Fuerschungsstanduert Lëtzebuerg attraktiv ze bleiwen, erkläert d’Directrice Aline Muller.
“Dofir ass et ganz wichteg, dass mer wierklech een unerkannte Fuerschungszentrum an Europa an op der Welt bleiwen a sinn. Wierklech dass mer nach méi héich kommen a mir sinn iwwer déi Period 2018-2021 wierklech méi visibel ginn, si vill méi unerkannt gi fir eis spezifesch Domainer. An natierlech erhéicht dat eis Attraktivitéit. Dobäi muss ee soen, dass mer bal deen eenzege Fuerschungszentrum op der Welt sinn, deen esou international ass.”
Et géing awer net just drëm goen, nei Leit unzezéien, ma och déi Chercheure weider ze bilden, déi schonn am Land sinn.
“Déi sozial Fächer entwéckele sech enorm. D’Methoden entwéckele sech extrem schnell an et ass fir eis extrem wichteg, fir dass mer déi bescht Leit an déi beschte Kompetenzen hunn, fir natierlech méi Projeten eranzekréien an eranzereechen, déi och finanzéiert ginn. Mee awer och fir d’Äntwerten ze ginn, déi d’Gesellschaft brauch. Mir hunn dëst Joer méi wei 450.000 Euro an déi Formatioun a Support à la carrière investéiert.”
An der Pandemie huet ee ganz vill iwwer d’Etüden an d’Recherche vum Liser héieren, ma d’Fuerschung um Luxembourg Institute of Socio-Economic Research geet doriwwer eraus. De Julien Linden ass Doktorand a fuerscht zum Beispill iwwer den Impakt vun der Klimapolitik op d’Leit.
“Dat heescht, hir Revenuen, hir Consommatioun, ma och hir CO2-Emissiounen. Dat heescht, fir do ze kucken, vun engem Climate Justice Angle, wien am meeschten impaktéiert ass a wéi déi Leit kënne kompenséiert ginn oder wéi deene gehollef ka ginn.“
Als Fuerschungszentrum huet een och eng gesellschaftlech Roll ze spillen. Nach eemol d’Direktesch Aline Muller:
“E Fuerschungszentrum, dee wierklech d‘Missioun huet, net nëmme wëssenschaftlech Connaissancen ze bréngen, mä awer och der Gesellschaft bäizestoen an hirer Transformatioun, an hire Froen, an hirer Entwécklung.”
E Fuerschungsinstitut muss objektiv a neutral Liicht op wichteg gesellschaftlech Sujete werfen, Diskussioune lancéieren an déi richteg Froe stellen. Dat wier besonnesch an dësen Zäiten eng Erausfuerderung, sou nach d’Direktesch Aline Muller.