Ënner 25 JoerAlterskategorie am Verhältnis vum Rescht vum Land ëmmer méi schwaach

RTL Lëtzebuerg
Ronn 170.000 Jonker falen an d'Kategorie vun den ënner 25 Joer jonken. Leit mat Lëtzebuerger Nationalitéit maachen hei 55,8 Prozent aus.
© Shutterstock / Beispillfoto

Et gëtt am Verhältnis ëmmer manner Jonker ënnert 25 Joer hei zu Lëtzebuerg. Huet dës Alterskategorie 2001 nach 30,4 Prozent ausgemaach, waren et dëst Joer op den éischte Januar nëmme nach 27,7 Prozent. Dës Zuele komme vum Statec, deen déi am Virfeld vum Weltjugenddag den 12. August publizéiert huet.

Statec iwwer Jonker

Am Ganze sinn et 170.000 Jonker, déi hei am Grand-Duché liewen. Dovunner hunn 55,8 Prozent déi Lëtzebuerger Nationalitéit an 44,2 Prozent eng aner. An et si liicht méi Jongen a Männer wéi Meedercher a Fraen, esou wuel bei de Lëtzebuerger, wéi och bei den auslännesche Residenten.

Kucke mir dann emol kuerz op d'Verhalen an d'Liewe vun de Jonken ënnert 25 Joer hei am Land. Wéi de Statec schreift, géife sech ëmmer manner Jonker bestueden. Vun den 1.900 Persounen, déi sech d'lescht Joer d'Jo-Wuert ginn hunn, waren nëmmen 247 ënnert 25 Joer al.

D'Leit ënnert 25 Joer ginn och ëmmer manner dacks Mamm. Vun de ronn 6.000 Gebuerte war just an 505 Fäll d'Mamm méi jonk wéi 25 Joer. Och hei géif ee gesinn, datt sech d'Tendenz ännert, also ëmmer méi Frae méi spéit Kanner kréien. Waren 2000 nach 17 Prozent vun de frësch gebakene Mammen ënnert 25 Joer al, sinn et zejoert just nach 8 Prozent gewiescht.

Eriwwer da bei ee komplett aneren Volet: D'Aarbechtswelt an de Chômage. 4,7 Prozent vun de Jonken tëscht 15 an 24 Joer hei am Land hu Schwieregkeeten, eng Schaffplaz ze fannen a sinn am Chômage. Domadder läit deen Taux liicht iwwert dem Taux vun den 25 bis 54 Joer alen, déi op 4,5 Prozent kommen. 28,4 Prozent vun de Jonken hunn eng Aarbecht, zwee Drëttel si grad an enger Ausbildung oder an der Schoul. Wann een d'Alterskategorie e bësse méi opmécht an déi Jonk vun 20 bis 34 Joer mat engem Secondairesofschloss consideréiert, da sinn et 78,5 Prozent, déi eng Aarbecht hunn.

De Statec kuckt dann och op d'Wuelbefanne vun de Jonken. 9 op 10 Persounen tëscht 16 a 24 Joer soen, datt si zefridde mat hirem Liewe sinn. Si sinn da mat 8,2 Punkten op enger Tabelle vun 10 Punkte, méi glécklech, wéi déi Leit iwwert 25 Joer. Déi kommen just op 7,8 Punkten.

E Véierel vun de Jonken tëscht 16 a 24 Joer fëmmt, ee Fënneftel dovunner al Dag, nëmmen 3 Prozent maachen dat sporadesch. Een Drëttel dann drénkt Alkohol e puer Mol an der Woch. An wa mir dann nach op d'Gewiicht vun de Jonken  kucken, da sinn 67 Prozent normal gebaut. Wat d'Leit méi al ginn, wat do d'Iwwergewiicht ëmmer méi zouhëlt.

Back to Top
CIM LOGO