
D‘Basis ass en europäescht Reglement. An enger Fiche informative huet d'Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung d’Reegelen sou zesumme gefaasst, datt se fir e Veräin sollen ëmsetzbar sinn.
D'Exigenze komme bei de Veräiner net ëmmer gutt un a wierken dacks strikt. Et geet awer net drëm, ASBLen ze nerven. Et geet ëm d‘Gesondheet. "D'Zil ass natierlech ëmmer, dass d'Clienten net krank ginn. Net, datt mir herno Reklamatioune kréien. Ech war op deem an deem Dëppefest an et si Leit, déi Eisekuche giess hunn, déi hunn alleguerte Salmonellen", seet d'Josiane Dahm vun der ALVA.
A punkto Infrastrukturen an Equipementer bei Fester baussen ass et zum Beispill ubruecht, datt en Daach um Stand ass, datt deen am Idealfall op festem riichte Belag steet an datt proppert an adäquat Material genotzt gëtt. E wichtegen Aspekt ass d'Kill-Ketten: "D'Fleesch, dat e bësse méi laang dobausse steet an der Sonn, Zosen, Mayonnaisen a soss Saachen, déi an der praller Sonne stinn. Vill Dëppefester sinn am Summer, et ass waarm. Et ass awer och esou, dass dann do vläicht Leit beim Grill stinn, am Stand, déi keng Connaissancen hunn, wat do d'Liewensmëttelhygiène ugeet. An do ass dann de Problem eeben, dass déi Keime sech kënnen an deene Produite vermehren."
Reegele gëtt et och a punkto Hëtzt. Fritten zum Beispill solle bei maximal 175 Grad waarm gemaach ginn, wéinst Acrylamid, dee kriibserreegend ass. Bei verschiddene Fleeschzorten ass et wichteg, datt se duerch sinn, notamment Poulet. Material, wat a Kontakt mat réiem Fleesch war, soll net a Kontakt mat fäerdegem Gegrills kommen, an sou weider. Da gëtt et déi kierperlech Hygiène. Braceleten a Réng sollen, wann et geet, ausgedoe ginn: "Ënnert dem Bijou kënne mer ganz vill Keime fannen, wann de Bracelet herno quasi an der Zooss hänkt, fir esou Saachen eeben och méi hygieenesch ze maachen."
A wann ee krank ass? "Wann ech krank sinn, ech muss permanent meng Nues botzen, soen ech, ech maachen haut net d'Iessen, mee ech ginn da vläicht op de Gedrénksstand. Noutfalls, wa keen aneren do ass, kann ech natierlech soen, ech doen eng Mask un".
An natierlech gëllt ëmmer: Hänn mat Seef wäschen, sou wäit dat méiglech ass. Händsche par konter sinn net obligatoresch a bidde keng definitiv Sécherheet.
"Wéini wiesselen ech déi Händchen? Wiesselen ech se iwwerhaapt? Wat hunn ech alles ugepaakt? Ech hu meng Nues gebotzt, ech hu mech am Gesiicht gekraazt, ech hunn eng Zigarett gefëmmt an ech hat bei allem d'Händchen un an ech sinn awer der Meenung, ech hunn Händschen, ech sinn hygieenesch. Mee da si mer ganz wäit dovun ewech." Händsche maachen awer zum Besipill Sënn, wann een eng Wonn huet.
Bei Preparatiounen, déi doheem gemaach ginn, etwa bei Deeg, gëllen och gewëss Reegelen: "Da soll dat scho sou sinn, dass eeben an deem Raum doheem net gefëmmt gëtt, keen Hond oder Kaz iwwert d'Aarbechtsfläch leeft. Voilà, dat Ganzt méiglechst ouni Kontaminatioune ka stattfannen." Beim Fleesch a Bréidercher beispillsweis muss ee kënnen noweisen, wou d'Matière première hierkënnt. Beim Kuch vun doheem wier dat natierlech méi schwiereg, sou d‘Josiane Dahm. Och d'Allergeene solle matgedeelt ginn.
Veräiner, déi gréisser Aktivitéiten hunn, also reegelméisseg Iesse verkafen, si gebieden, sech bei der ALVA ze registréieren. D‘Verwaltung an eng Equipe vun der Douane kontrolléieren och Stänn. Dat kann einfach sou geschéien, oder well reklaméiert gouf. Dee Moment gëtt eng Check-Lëscht ofgeschafft. Do kënnt e Prozentsaz eraus an op Basis dovunner gëtt dann eng Decisioun geholl. "Et kënnt een, dann huet ee jo schonn deen éischte Bléck, wéi de Stand ausgesäit, wann do den Hond hannert dem Comptoir oder beim Grill läit. Déi Persoun, déi beim Grill steet, déi huet d'Zigarett am Mond, gesäit zimmlech fatzeg aus, huet näischt um Kapp, wierkt schmuddeleg, dann huet ee jo schonn eng Anung: dat ass ee Stand, dee mer kontrolléiere wäerten."
Bei gréissere Verstéiss kann de Stand zougemaach ginn. Soll et zu enger zweeter Kontroll kommen, gëtt eng Tax facturéiert. Op d‘Fro, wéi gutt déi Reegele generell ëmgesat ginn, äntwert d‘Josiane Dahm, datt natierlech ëmmer Loft no uewe bleift. D'ALVA huet eng Fiche mat alle Reegelen a wichtegen Informatiounen zesummegestallt, fir Benevoller an och fir Professioneller.