
Enn 2025 huet Nestlé eng éischt Verschmotzung vun hirem Mëllechpudder an enger Fabrik an Holland entdeckt an Ufank Januar goufe Mëllechproduite fir Puppelcher a méi wéi 60 Länner zeréckgeruff, dorënner och zu Lëtzebuerg. Betraff sinn ënner anerem d’Marke Beba, NAN an Alfamino. Et ass déi gréisste Réckruffaktioun an der Geschicht vun der Firma.
Ma och hei am Land reagéiert een. D’Administration Luxembourgeoise Vétérinaire et Alimentaire huet zanter dem 6. Januar am Ganzen 31 Mëllechproduite fir Puppelcher vum Maart gezu wéinst dem Verdacht op eng Veronrengegung mat toxeschem Cereulid. Dës Substanz kann Duerchfall, Krämp an Iwwerginn bei Puppelcher ausléisen, wat bei klenge Kanner fatal Suitte kann hunn. D’Symptomer kënnen an der Reegel opdauchen tëscht 30 Minutten a 6 Stonnen no der Consommatioun.
Wichteg: Et si just bestëmmte Lote betraff. Dës fënnt een um Site vun der Sécurité alimentaire.
Nestlé, Danone a Lactalis hunn op der ganzer Welt scho misse grouss Chargë vu Puddermëllech zréckzéien, och a sëllegen europäesche Länner. D’Kontaminatioun geet wéi et schéngt op een eenzelen internationalen Hiersteller zeréck, deen de kontaminéierte Bestanddeel fir d’Puddermëllech a begrenzter Unzuel och un europäesch Fournisseure geliwwert huet, déi Babynarung produzéieren. D’ALVA ass an deem Kader scho mat der EU-Kommissioun souwéi den zoustännegen Autoritéiten a Kontakt.
Wéi et vun offizieller Säit heescht, wier hei am Land nach kee Fall bekannt, wou e Puppelchen duerch eng Consomatioun krank gi wier. Stellt ee bei sengem Kand ee vun de Symptomer fest, sollt een esou séier wéi méiglech bei en Dokter. Iwwerginn an Duerchfall ka bei Puppelcher séier zu enger Dehydratioun féieren.
Fir esou engem Problem entgéintzewierken, huet d’ALVA zousätzlech decidéiert, cibléiert Kontrollen duerchzeféieren. Esou soll eng eventuell Kontaminatioun mat Cereulid an anere Produite fir Puppelcher méi séier festgestallt ginn.