
Dës wäerte virun allem op de Stroosse gemaach ginn, op deene besonnesch vill Motocyclisten ënnerwee sinn.
D’Police weist an dësem Zesummenhang dorop hin, dass vill Motosfuerer, nodeems se am Wanter fir en laang Zäit net gefuer sinn, keng Übung méi am Fueren hunn. Dat kéint dozou féieren, dass si hir Fäegkeeten iwwerschätzen, wat de Risk vun Accidenter erhéije géif.
Iwwerdeems wieren d’Motocycliste bei Accidenter dacks schlecht protegéiert. Ausserdeem wiere si fir d’Automobilisten dacks schlecht ze gesinn an hir Vitesse wier schwéier anzesetzen.