
Um Enn vum zweete Prozess ëm en déidlechen Accident mat Fahrerflucht, am Juni 2016, um Monkeler zu Esch-Lalleng koum e Mann e Mëttwoch am Nomëtten op der Cour d'appel an der Stad besser ewech, wat d'Fuerverbueter ugeet: Et blouf awer bei de 15 Méint Prisong mat Sursis an der Geldstrof vun 2.500 Euro, zu deenen de Mann an 1. Instanz veruerteelt gouf.
Wat d'Fuerverbueter vun am Ganze 6 Joer betrëfft, sinn der elo 4 an en halleft mat Sursis (amplaz 3 am 1. Prozess); annerhalleft Joer kann de Mann op d'Aarbecht an zréck fueren (amplaz och 3 an 1. Instanz). Doriwwer eraus muss hien de Partie-civille ronn 52.500 € Schuedenersatz bezuelen (amplaz vun enge 60.000 € am 1. Prozess); dat hänkt domat zesummen, dass och de Partage des responsabilités fir de Mann besser ausgefall ass.
Hien hat deemools nuets, mat ronn 1,8 Promill Alkohol am Blutt, an der Autobunnsopfaart a Richtung Rond-point Raemerech e 24 Joer ale Mann ugestouss an déidlech blesséiert. Nom Accident war de Mann kuerz stoe bliwwen an du fortgefuer; hien hat sech e puer Stonnen no de Faite bei der Police gemellt.
