Dat a Präsenz vum Grand-Duc Henri, vum Chamberpresident Fernand Etgen a vum Premierminister Xavier Bettel.
Op der Gedenktafel stinn d'Nimm vu 26 Männer, déi virum Ofschafe vum obligatoresche Militärdéngscht gestuerwe sinn, an deenen, déi hiert Liewen an der fräiwëlleger Arméi gelooss hunn. Den Defenseminister François Bausch huet deene Membere vun der Arméi Merci gesot, déi nom Zweete Weltkrich de Fridden an Europa verdeedegt hunn: "Duerch hiren Engagement hu si dozou bäigedroen, datt d'Welt méi sécher ginn ass, an, datt d'Virstellung vun engem neie Weltkrich zeréckgedréckt gouf. Dozou gehéieren déi 26 Militär, deene mir haut gedenken."
Den Datum, fir d'Commemoratiounsplack anzeweien, ass net zoufälleg erausgesicht ginn. Dat huet een aus der Ried vum Premierminister Xavier Bettel eraushéieren. Nodeems an de leschte Wochen un den Ufank an d'Enn vum Zweete Weltkrich geduecht gouf, misst een elo alles dru setzen, datt dat sech net widderhëlt, sou de Xavier Bettel.

"Mir wëssen alleguer, dass een houfreg ass, wann een aus senger Famill decidéiert, an d'Forces publiques ze goen. Mir wëssen awer och, wéi ee Stress, wéi eng Suerg dat ass, wa se an d'Ausland ginn, wa se all Dag a Missioun ginn. An esou, wéi den Defenseminister gesot huet, mir hu Chance, hei a Fridden ze liewen, an de Friddensprojet heescht Europa", sot de Premierminister an deem Kontext.
Fir d'Arméi wier et kloer gewiescht, datt dës Commemoratiounsplack misst op der Place du Souvenir virum Commandementsgebai um Härebierg opgestallt ginn, fënnt den Alain Duschène, Chef d'Etat-Major vun der Arméi:
"Den Ustouss fir dës Plack hei opzestellen ass komm, nom trageschen Accident an eisem Munitiounsdepot um Waldhaff, wou zwee vun eise beschten aus eiser Mëtt gerappt gi sinn, am Déngscht vun eis alleguer."
De 14. Februar 2019 sinn zwee Ënneroffizéier am Waffelager um Waldhaff gestuerwen, wéi eng 48 Kilo schwéier Granat aus dem Zweete Weltkrich explodéiert ass. D'Ermëttlungen, wéi et zum Tëschefall komme konnt, lafen nach.