
Wien erkennt dëse Mann? Dat freet d'Police um Méindeg, nodeems et de 7. Dezember 2018 zu Stengefort zu engem Trick-Déifstall komm ass.
De presuméierten Täter huet d'EC-Kaart vum Affer aus engem Automat geholl an huet dunn op engem zweeten Automat an der Bankfilial eng gréisser Zomm opgehuewen.
Duerno huet deen Onéierlechen d'Kaart nees heemlech an den Automat gestach, esou datt d'Affer net an Uecht geholl huet, datt se verschwonne war.
Am Laf vun der Enquête, esou d'Police, wier de Mann op der Foto als Verdächtegen identifizéiert ginn.
All Hiweis iwwer d'Identitéit vum Mann oder säin Openthalt ass fir d'Police op der Cap um Tel. 244301000.