Zwou ordonéiert AlkoholkontrollenAm Ganzen 148 Automobiliste gestoppt, dovun hate 5 gedronk

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend, respektiv e Sonndeg de Moien, huet d'Police op Uerder vum Parquet op zwou Plazen Alkoholkontrollen duerchgefouert.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

Tëscht 22.30 an 23.30 Auer stoung d’Police deemno e Samschdeg den Owend zu Bartreng op der N34, op der Héicht vun der Rue des Thermes, ze kontrolléieren. 84 Automobiliste goufen op där Plaz ugehalen, wouvun zwee Tester positiv waren. Béid Chauffere musse mat juristesche Suitte rechnen, duerften awer hire Permis behalen.

Tëscht 00.30 an 2.00 Auer stoung d’Police dann nach emol zu Mamer an der Areler Strooss, op der Héicht vun engem Restaurant. Hei waren et 64 Automobilisten, déi gestoppt an op hiren Alkoholgehalt kontrolléiert goufen. An dräi Fäll war den Test positiv, woubäi ee Chauffer mat juristesche Suitte rechne muss an zwee der e Protokoll kruten. Och si duerften hie Fürerschäi behalen.

Back to Top
CIM LOGO