3 Mol war de Samu am AsazAm Ganzen 8 Blesséierter op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend respektiv e Mëttwoch de Moien hat et op 4 verschiddene Plazen op eise Stroosse geknuppt.

Géint 17.30 en Dënschdeg den Owend war eng Persoun an der Rue de Trèves um Findel vun engem Auto ugestouss ginn. Dat nämmlecht war ëm 4.38 Auer e Mëttwoch de Moien tëscht Péiteng an Athus de Fall. An deenen 2 Fäll war den Noutdokter op der Plaz.

Kuerz virun 22 Auer en Dënschdeg krute sech op der A13 tëscht den Tunnellen Éilereng an Aessen direkt 3 Autoen ze paken. Hei goufe 4 Persoune blesséiert. D’Ambulanze vun Esch, Suessem-Déifferdeng an de Samu aus der Stad waren op der Plaz.

Eng weider Persoun gouf da blesséiert, wéi kuerz no 2.30 Auer e Mëttwoch de Moien en Auto tëscht Grolënster an Altréier accidentéiert ass.

Kuerz virun 9.30 Auer war dann zu Bäreldeng an der Lëtzebuerger Strooss en Auto an e geparkte Gefier gerannt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO