
Trotz enger verstäerkter Präsenz vu Patrullen, an engen 140 geziilte regionale Kontrollen, goufe wärend deene 4 Méint net manner wéi 558 Abréch a bewunnten Haiser oder Wunnengen gezielt. Am Verglach, fir déi selwecht Period am Wanter 2017/18 waren et der gutt 60 manner. 34 Abriecher goufen awer och inflagranti erwëscht, a weider 30 Onéierlecher goufen op Grond vun enger Enquête ermëttelt a festgeholl.