Situatioun ënner KontrollAm Joer 2022: Fënnef Fäll vu Vullegripp zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Am Géigesaz zu aneren europäesche Länner huet sech d'Vullegripp zu Lëtzebuerg net extrem ausgebreet. Am Joer 2022 hu sech fënnef Gänsen infizéiert.
© AFP

Schonn zanter méi wéi engem Joer ass et an Europa ee vun de schlëmmsten Ausbréch vun der Vullegripp. Ronn 50 Milliounen Déiere misste geschluecht ginn. Virun deem Hannergrond wollten d’Deputéiert Tess Burton a Mars Di Bartolomeo vum Landwirtschaftsminister Claude Haagen wëssen, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ass. A senger Äntwert erkläert de Minister, datt d’Situatioun am Grand-Duché am Géigesaz zu anere Länner favorabel ass. Am Joer 2022 wier een Ausbroch vun der Vullegripp zu Lëtzebuerg detektéiert ginn. Fënnef Déiere wiere positiv op de Virus getest ginn. D’Gänsen hätte sech warscheinlech bei wëlle Vigel infizéiert. Fir weider Infektiounen ze evitéieren, goufe verschidde Mesuren en Place gesat, fir de Kontakt vun Notzdéiere mat wëlle Vigel ze verhënneren. Entweder sollten d’Déieren a Ställ bleiwen an do gefiddert ginn, oder am Fräien duerch Netzer geschützt ginn. Zudeem sollt all anormalen Doudesfall vun enger Gäns, Int oder engem Schwan der Veterinärs- respektiv Liewensmëttelverwaltung gemellt ginn. Déi fënnef Fäll vun der Vullegripp waren op engem Haff zu Useldeng detektéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO