
Dat si 787 Leit manner wéi de Mount virdrun. Et sinn awer 291 Demandeurs d’emploi méi wéi zejoert Enn Mäerz.
De Chômagetaux läit iwwerdeems bei 6,1%. Enn Februar louch dësen nach bei 6,2%. Méi wéi 10.000 Leit bezéien de komplette Chômage. 4.443 Residente waren an enger Beschäftegungsmesure, bal 8% méi wéi zejoert. Am Mäerz goufen iwwerdeems 3.910 fräi Poste bei der Adem deklaréiert.

RTL-Artikel: Den Aarbechtsminister Dan Kersch iwwer de Réckgang vum Chômagetaux