Kuerz virum Optakt vun der Summer-Saison 2018 koum et am Mëllerdall zu ganz schlëmmen Iwwerschwemmungen, déi ganz vill Schied hannerlooss hunn. Elo 9 Méint méi spéit lafen déi lescht Fléck-Aarbechten, ier an der Ouschtervakanz déi nei Touriste-Saison ufänkt. Nieft dem Scheissendempel a verschiddene Plazen zu Bäerdref laafen aktuell dei leschte Fleckaarbechten am Mëllerdall.
Am Total bitt de Mëllerdall 143 Wanderweeër. Dovunner war 1/3 no den Iwwerschwemmungen ugangs Juni zou a futti. Séier gouf reagéiert an de Gros virun der Summersaison gefleckt. Aktuell bleiwe nach 5 Passagen fir d'Wanderfrënn zou. Hei sinn Deviatioune gezeechent.