StatecAm Oktober ass d'Inflatioun zolidd eropgaangen

RTL Lëtzebuerg
De Grond heivir sinn natierlech d'Pëtrolspräisser, déi de leschte Mount ëm méi wéi 10 Prozent an d'Luucht geschoss sinn.

Beim Heizungsmasutt waren et souguer 12 Prozent. Beim Gas bal 18 Prozent.

All déi aner Produite sinn ëm 0,5 Prozent erop gaangen, dat ënnert dem Effet vun der Indextranche, déi op den éischten Oktober erfall ass.

Den annuellen Inflatiounstaux klëmmt vun 2,7 op elo 3,6 Prozent.

PDF: Schreiwes vum Statec

Back to Top
CIM LOGO