Proprietäre solle sech bei Police mellenAm Parkhaus bei der Gare Esch-Belval huet et gebrannt - Sechs Ween beschiedegt

RTL Lëtzebuerg
Am Parkhaus vun den CFL um Belval hat et en Dënschdegmoie géint 10.40 Auer gebrannt.
© Christophe Jost

Wéi mir op Nofro vum CGDIS gewuer gi sinn, huet op d’mannst een Auto Feier gefaangen. Op Biller, déi nom Brand gemaach goufen, gesäit een awer, datt méi Autoe betraff sinn. Informatioune vun der Plaz no wiere bei sechs Ween en Totalschued entstanen, fënnef vun dësen Autoe wiere komplett ausgebrannt.

Et deit weider näischt dorop hin, datt Mënsche blesséiert goufen. Wéinst dem Asaz waren och d’Zich zäitweis net gefuer, de Betrib gouf awer nees opgeholl.

D’Police lancéiert en Appell

D’Proprietäre vun de beschiedegte Gefierer solle sech bei der Escher Police entweder per Telefon um (+352) 244 50 1000 mellen oder en E-Mail op Police.ESCH@police.etat.lu schécken.

© Police

Back to Top
CIM LOGO