Alkohol um SteierAm Schrëtttempo mam Auto ronderëm den Iechternacher Séi

RTL Lëtzebuerg
Géint 1 Auer an der Nuecht ass enger Policepatrull e Chauffer beim Iechternacher Séi negativ opgefall.
Den Alain Thill hat dës Foto d'lescht Joer am Juni als Foto vum Dag erageschéckt.
Den Alain Thill hat dës Foto d'lescht Joer am Juni als Foto vum Dag erageschéckt.

De Mann ass mat sengem Auto ronderëm de Séi gefuer, am Schrëtttempo an um Vëloswee. Hie gouf kontrolléiert. De Chauffer hat ze déif an d'Glas gekuckt an de Permis gouf agezunn.

Géint 1.20 Auer gouf op der N1 zu Maacher an Automobilist gestoppt. Den Alkoholtest war positiv an och hei war de Schäi fort.

Back to Top
CIM LOGO