
Dat äntwert d’Ëmweltministesch Joelle Welfring dem ADR-Deputéierte Fred Keup, deen en Dënschdeg de Mëtteg an der Froestonn vun der Chamber wollt wëssen, ob een un der Iddi wéilt festhalen. Dat nodeems et esouwuel vu landwirtschaftlechen Acteuren ewéi och vu Gemengeresponsabele vill Kritik um Projet gouf.
Den Trënténgerdall soll ee Landschaftsschutzgebitt ginn, wat bedeit, dass d’Reegelen, fir d’Gebitt ze notzen, däitlech manner strikt wiere wéi an engem klasseschen Naturschutzgebitt. Den Haaptzweck wier, den Terrain vu weiderer Verabung fräizehalen, sou déi gréng Ministesch. Et hätt een oppen a kritesch Echangë mat de verschiddenen Acteuren an dës géingen natierlech och mat an d’Ausschaffe vum finale Reglement fléissen.
Den Text wier nach am Stadium vum Projet a wäert deemno nach adaptéiert ginn. Och bei anere Gebidder wiere schonn Adaptatiounen am Virfeld vum Règlement Grand-Ducal gemaach ginn, zum Beispill beim Perimeter vum Gebitt oder bei de Reegele fir d’Bewirtschaftung, esou d’Joëlle Welfring.