
Dowéinst koum et net nëmme beim Tunnel Albert Bousser op der Penetrante Süd/B3 tëscht dem Rond-point Gluck an der Stad zu Stau, ma och op den alternative Strecken. Éischten Informatiounen no hate sech e Bus an eng Camionnette vun der Stad Lëtzebuerg ze pake kritt. Wéi de CGDIS matdeelt, wier beim Accident eng Persoun blesséiert ginn.
Op Nofro hin huet d’Police dunn awer matgedeelt, datt en Automobilist aus net gekläerte Grënn op d’Géigespuer gerode war a fir d’éischt an d’Camionnette an dono an de Bus gerannt war. De Chauffer vum Auto koum fir eng Kontroll an d’Spidol.

Géint 13.40 Auer sinn op der A4 an Direktioun Esch zwee Autoe kollidéiert. Och hei ass eng Persoun verwonnt ginn.