StatecAm véierten Trimester 2022 sinn d'Logementspräisser ëm 5,6% eropgaangen

RTL Lëtzebuerg
Dat par Rapport zum leschten Trimester 2021. Esou eng geréng Hausse gouf et zanter dem zweeten Trimester 2018 net méi.
© RTL (Archiv)

Am ganze Joer 2022 sinn d’Präisser ëm 9,6% par Rapport zum Joer virdru geklommen. Am Verglach waren et 2021 ronn 13,9%, 2020 eng 14,5% an 2019 10,1 Prozent, esou steet et am neiste Rapport “Logement en chiffres” vum Statec.

Mam Bléck op déi eenzel Unitéiten, esou war et bei alen Appartementer eng Präishausse vu 4,4 Prozent am leschten Trimester 2022. Dobäi si mat 880 Wunnengen der awer ronn 18 Prozent manner verkaf ginn, wéi am selwechten Trimester dat Joer virdrun an esouguer 18,7 Prozent manner Finanzen dran investéiert. Bei neien Appartementer ass d’Hausse vun de Präisser méi héich, déi läit bei ronn 9,4 Prozent, ma d’Zuel vun den Transaktioune mat 389 eenzele Wunnengen an dem finanzielle Volume si ëm ronn 50 Prozentpunkten erofgaangen. Bei den alen Haiser louch d’Präishausse bei knapp 3,8 Prozent.

D’Präisser op de Quadratmeter leie fir en Appartement, wat schonn existéiert, bei ronn 8.734 Euro, bei neien esouguer bei 9.347 Euro. Nieft der Gréisst, wou kleng Appartementer ënner 50 Meter Carré am deierste sinn, spillt awer och d’Distanz zu der Stad eng wichteg Roll. Esou bezilt een am Kanton Lëtzebuerg an der Moyenne 12.804 Euro fir de Quadratmeter, wärend een am Norden “just” 7.185 Euro de Quadratmeter muss op den Dësch leeën. Bei den Haiser ass do d’Bild ganz änlech, wou een an engem Kanton am Zentrum an der Moyenne 1,5 Millioune muss bezuelen, wärend een am Norden am Duerchschnëtt mat ronn 887.000 Euro muss rechnen.

Ee Wuert nach zu de Loyere mat Plus 8% bannent engem Joer bei den Appartementer a bal 7% bei Haiser. Bannent 12 Joer sinn d’Loyeren tëscht 50 a 60% geklommen.

PDF: De komplette Rapport vum Statec

Back to Top
CIM LOGO