Policeasaz zu MamerVun der Tribün gefall an d'Rettungsekippe menacéiert

Kevin Kayser
Nieft e puer Alkoholiséierten, déi an de Passagearrest koumen, konnt d'Police och eng gesichte Persoun festhuelen.
© Laurent Weber

Géint 20:30 Auer e Sonndeg den Owend gouf d'Police op e Virfall op Mamer geruff. Hei war eng staark alkoholiséiert Persoun vun enger Tribün gefall. Géintiwwer de Rettungsekippen, déi op d'Plaz geruff goufen, fir nom Mann ze kucken, huet dëse sech net ganz kooperativ verhalen an d'Sanitäter esouguer menacéiert. Och wollt hien net vun hinne behandelt ginn. Och géintiwwer de Poliziste war de Mann alles anescht wéi kooperativ, esou datt hien ënner Kontroll huet misste bruecht ginn. Dono konnt hien du behandelt an an d'Spidol bruecht ginn. Säi Rausch konnt hien um Policebüro ausschlofen.

Am Asaz war d'Police dann och nach méi spéit am Garer Quartier an der Stad, well hei e staark alkoholiséierte Mann randaléiert a Kaméidi gemaach huet. Hien huet weider verschidde Géigestänn beschiedegt a Sécherheetsbeamte menacéiert. Vun de Poliziste gouf hien ënner Kontroll bruecht, hat Besuch bei engem Dokter a koum dono an Arrest.

Dann hat am Nomëtteg nach eng alkoholiséiert Persoun an der Groussgaass an der Stad Parfum geklaut an zu Gréiwemaacher hat e Mann Passante belästegt a vun hinne Sue gefuerdert. Béid koumen och no enger Visitt beim Dokter an de Passagearrest.

Direkt awer op Schraasseg goung et fir e Mann, deen e Méindeg de Moie zu Bouneweg festgeholl gouf. D'Police gouf geruff, well dem Mann virgeworf gouf, op enger Tankstell geklaut ze hunn. De Beamten ass awer opgefall, datt géint hien e Mandat d'arrêt virläit an hie gouf dowéinst matgeholl.

Back to Top
CIM LOGO