Artikel 19 vun UN-BehënnerterechtskonventiounCCDH gesäit Lacunnen an Ëmsetzung zu Lëtzebuerg

Diana Hoffmann
Mënsche mat enger Behënnerung sollen autonom liewe kënnen a selwer decidéieren, wou a wéi si wunnen. Dëst Recht ass am Artikel 19 vun der UN-Behënnerterechtskonventioun festgeschriwwen.
© ROBERT SCHLESINGER/dpa Picture-Alliance via AFP

D'Mënscherechtskommissioun CCDH huet d'Ëmsetzung vun dësem Artikel zu Lëtzebuerg ënner d'Lupp geholl an dobäi Lacunne festgestallt. Ënner anerem géif et net genuch adaptéierten a bezuelbare Wunnraum ginn, an d'Prozedure fir Adaptatioune vu Wunnenge wiere komplizéiert an deier. Och fir déi perséinlech Assistenz géif nach ëmmer e gesetzleche Kader feelen. Zousätzlech wiere vill Servicer nach net genuch op d'Besoine vu Mënsche mat enger Behënnerung ausgeriicht.

Back to Top
CIM LOGO