Et ass gutt, datt d'Regierung sech elo, am Kontext vun der Rifkin-Etude, Gedanke mécht, wéi eis Welt an Zukunft soll ausgesinn! Dat sot de President vum Jugendparlament, Amir Vesali en Dënschden de Moien am RTL-Interview. Perséinlech vermësst den Invité vun der Redaktioun awer de soziale Volet an der Etude, speziell datt duerch Digitalisatioun a Robotiséierung, Aarbechtsplazen ewech falen. Allgemeng begréisst d' Jugendparlament awer d'Rifkin-Iddien, ma, och déi eeler Generatioune missten nach besser driwwer informéiert ginn, duerch Table Ronden a Gemengen zum Beispill.
Dernieft misste Wirtschafts-an Educatiounsministère zesummen de Schoulsystem esou adaptéieren, datt Lëtzebuerg keng auslännesch IT-Experte méi muss siche goen. Dat néidegt Potential géif an der Jugend hei am Land leien, sou nach den Amir Vesali, President vum Jugendparlament.
En Dënschden de Moien um 10 op 8 war den Amir Vesali, de President vum Jugendparlament, den Invité vun der Redaktioun.