Fuerderunge vun der Dokteschassociatioun géif net Rechnung gedroe ginnAMMD an CNS hunn nach ëmmer keng nei Konventioun ënnerschriwwen

RTL Lëtzebuerg
AMMD a Gesondheetskeess hunn nach keng nei Konventioun ënnerschriwwen an dat wäert och net bis Enn nächste Mount de Fall sinn, ënnersträicht d'Dokteschassociatioun en Dënschdeg an engem Communiqué.
© Envato Lelia_Milaya

D'Gesondheetskees hätt zwar en Dokument ausgeschafft, doranner géif de Fuerderunge vun der AMMD awer absolut net Rechnung gedroe ginn.

Zum Beispill an de Beräicher vun der Adaptatioun vum Code de la sécurite sociale, dem Finanzement vu medezineschen Infrastrukture baussent de Spideeler, oder och der Gouvernance bei der Gesondheetskeess. D'AMMD kéint dowéinst nach Näischt ënnerschreiwen, wier awer weiderhin dialogbereet.

Liest hei d'Schreiwes vun der AMMD

Back to Top
CIM LOGO