Nom Interview mam Dr. Nati op RTLAMMD: Ausso iwwer "Remdesivir" mécht Patiente falsch Hoffnungen

Annick Goerens
D'AMMD, d'Doktesch an Zanndoktesch Associatioun, reagéiert en Dënschdeg de Moien op en Interview hei op RTL mam CHL-Direkter Romain Nati.

AMMD-Reaktioun op Ausso vum Dr. Nati / vum Annick Goerens

Et soll een de Leit keng falsch Hoffnunge maachen. Dat schreift  d'Doktesch an Zänndoktesch Associatioun AMMD en Dënschdeg de Moien an engem Bréif als Reaktioun op een Interview lescht Woch hei op RTL vum Dokter Romain Nati. Déi nawell schaarf Kritik riicht sech géint eng Ausso, déi den CHL-Spidolsdirekter iwwer e Medikament gemaach huet.

Et goung do konkret ëm d'Etüden, déi den Ament am Kontext vum Covid-19 am Stater Spidol lafen. Hei den Extrait vum Dr. Romain Nati aus dem Interview vu leschtem Freideg.

„Mir hu jo d'Etüd Discovery, déi vu Frankräich ausgeet a bei där mir relativ fréi mat um Ball waren. [...] Mir hunn elo 7 Patienten dran. Et muss ee jo och wëssen, eent vun de Medikamenter, dat een Effet huet am Covid, ass den Remdesivir. D'Verfügbarkeet ass schwéier, wann een net un Etüde liéiert ass. Iwwer déi Etüd hu mer Zougang zu dem Medikament am CHL. Dat ass eng ganz gutt Saach.“  

RTL-NEWS: Den Dr. Nati war de 24. Juli eisen Invité vun der RedaktiounEt misst een evitéieren, dass d'Leit, déi RTL lauschteren den Androck kréien, dass et een neit, villverspriechend Medikament gëtt, wat de Virus kéint behandelen. Do géinge vill falsch oder souguer iwwerdriwwen Hoffnungen entstoen, kritiséiert den AMMD-President Dr. Alain Schmit.

„Wann een esou ee Medikament an de Raum stellt, dann entsteet automatesch d'Attente bei all de Leit, déi dat do nogelauschtert hunn, dass se d'Doktere froen: „Wéi ass et da mat Remdesivir? Kann ech dat Medikament kréien? Firwat kréien ech et net?“ An dat féiert awer d'medezinesch Prise en charge en Bredouille, well sou einfach ass et net. Éischtens ass den Accès op d'Medikament duerchaus schwiereg. An op eng aner Manéier, ass et och net sou kloer, wat d'Medikament wierklech in fine brénge kann.“
 
D’Dokteschassociatioun ënnersträicht iwwerdeems, dass d'Autorisatioun vum Medikament fir de Marché zwar am Schnellverfaren autoriséiert gouf, mä dat géing och wëssenschaftlech kritiséiert ginn.

An hirem Schreiwes plädéiert d’AMMD iwwerdeems weiderhin, dass all d'Covid-Patienten  an enger Struktur solle konzentréiert ginn.

„Mir gesinn doranner eng Rei vun Avantagen notamment bei Covid-Patiente selwer, well se dann déi beschte Prise en charge kéinte kréien. An dass et net sou ausgesäit, wéi wann an engem Spidol ee speziellen Accès zu spezielle Medikamenter géing statt fannen an néierens anescht. An den zweete Volet, dat ass, dass et jo och dorëms geet, all déi aner Patienten, déi kee Covid hunn, déi awer reell Pathologien hunn, dass mer déi kënnen an de Spideeler vernënfteg behandelen. An dat gesi mer jo elo erëm, wou et ugezunn huet, bei der 2. Well, dass awer déi normal Aktivitéit forcement a Bedrängnis kënnt.“

Donieft fuerdert d’AMMD dann och eng gemeinsam national Gouvernance fir de Service national d’infectiologie, deen aktuell jo am Stater CHL ass.

PDF: Schreiwes vun der AMMD un RTL

Back to Top
CIM LOGO