Um PolicegeriichtAmplaz Fudder fir d'Kaz gouf et Schléi a Bréch

RTL Lëtzebuerg
Well eng Koppel e bësse spéit dru geduecht hat, d'Kaz vun enger Bekannten ze fidderen, gouf si fir Abriecher gehalen. Lo beschäftegt d'Affär d'Riichter.
© AFP (Archiv)

Et ass eng - juristesch gesinn - interessant Affär, déi viru Kuerzem um Policegeriicht an der Stad behandelt gouf. Si hat domat ugefaangen, dass eng Koppel e Weekend iwwer fortgefuer war a Bekannten de Schlëssel ginn hat, fir samschdes a méindes d'Kaz fidderen ze kommen; opgehalen huet se mat der Veruerteelung - wéinst "Coups et blessures volontaires" - vum Mann vun der Koppel, déi d'Schlëssele ginn hat.

D'Faite ginn op Juni 2017 zréck. Méindes owes spéit hat d'Bekannte sech drun erënnert, dass se nom Déier kucke misst, an hire Frënd matgeholl.

Direkt attackéiert

Déi aner Koppel war dunn awer schonn doheem an am Bett; si gouf waakreg, wéi se héieren huet, dass een un der Dier vum Appartement wär. D'Bekannten hat geruff, si an hire Frënd vun haut 28 Joer wären et; de Condamnéierte vun elo 40 Joer war awer gelaf komm an hat dem Frënd vun der Bekannte virun der Dier mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen a mam Knéi an d'Broscht gerannt.

D'Affer vun der Attack ass doropshin an d'Spidol gefuer: De Mann hat e puer Schanken am Gesiicht gebrach an eng méi uerg Blessur, soudass hien e puer Mol huet missen operéiert ginn; hie wäert, Dokteren no, an Zukunft net méi 100 Prozent mam rietsen A gesinn. Viru Geriicht sot den dono Veruerteelten, net matkritt ze hunn, dass d'Koppel geruff hätt, si wär et; et wär fir hien ëm d'Iwwerliewe gaangen. D'Affer, dat aussot, duerch den 1. Coup wär en Nerv duerchtrennt ginn, konnt sech d'Attack iwwerdeems net erklären. Et gouf och ënnerschiddlech Aussoen zum Zäitpunkt vun der Ausenanersetzung an dozou, wat déi zwou Fraen a puncto Kaz ausgemaach haten.

Geldstrof ... a Schuedenersatz?

Fir déi zoustänneg Riichterin bestoung en Zesummenhank tëscht de ganz zolitte Schléi an de Blessuren, déi duerch Dokteschzertifikate beluecht sinn.

Am Uerteel geet vu "bewosst aggressive Gesten", enger "offensichtlech disproportionéierter Reaktioun" rieds an dovun, dass de Condamnéierten déi méiglech Konsequenzen net hätt kënnen ignoréieren. D'"Coups et blessures volontaires", déi de Mann virgehäit kritt hat, wären zréckzebehalen, an et hätt keng Noutwier virgeleeën, wourop den Affekot vum Veruerteelte plädéiert an dowéinst säi Fräisproch gefrot hat.

D'Noutwier géif eng Attack viraussetzen, zu där et hei net komm wär: Dofir wär géint dee méi eelere Mann eng Geldstrof vun 250 € ze spriechen, wat déi maximal Strof um Policegeriicht ass.

D'Affer sengersäits hat ronn 61.000 € Schuedenersatz gefrot: Et goufen zwee Experte genannt, fir säi geneeë Schued festzeleeën.

Back to Top
CIM LOGO