
An de Ställ a Wisen stoungen eng 190.000 Ranner.
Am Agrargesetz geet vill vun “theoreteschen Aarbechtskräften” (UTA) rieds, wann vun de Leit geschwat gëtt, déi an de Betriber schaffen: aktuell ginn et ronn 1.100 Betriber an der Déiereproduktioun, wou manner wéi 2 UTAen schaffen an 1.400 Betriber wou méi Leit aktiv sinn.
205 Betriber, wou Schluechtvéi gehalen gëtt, beschäftege méi wéi 5 theoreteschen UTAen.
Dës Zuele liwwert de Landwirtschaftsminister Haagen der CSV-Co-Fraktiounscheffin Martine Hansen a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro.
Eng nächst Reunioun vun der Agrar-Kommissioun ass bis ewell iwwerdeem nach net fixéiert.