Auto, Drogen a Boergeld saiséiertAn Däitschland geflücht an zu Lëtzebuerg no Course-Poursuite gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, goufe si an der Nuecht op e Sonndeg géint 2 Auer vun den däitsche Kolleege wéinst enger Farerflucht kontaktéiert.
© RTL Archivbild

En Automobilist hat sech wärend enger Kontroll op däitschem Territoire a Richtung Lëtzebuerg duerch d’Bascht gemaach. Nodeems d’Lëtzebuerger Police informéiert gouf, koum et zu enger Course-Poursuite op der Tréierer A1, bei där direkt e puer Patrulle bedeelegt waren.

Nodeems d’Gefier deelweis konnt gestoppt ginn, de Chauffer e puer Mol an d’Policeween geknuppt ass an et e puer Mol erop an nees vun der Autobunn erofgaangen ass, koum et zu engem Accident. Op der Héicht vun der Opfaart Mënsbech ass den Auto an e Schëld gerannt a koum un d’Halen. Béid Persounen am Won goufen direkt immobiliséiert.

Am Auto gouf duerno eng gréisser Quantitéit Cannabis an aner Rauschmëttel, souwéi eng Waff an eng gréisser Zomm Boergeld fonnt. Op Uerder vum Parquet goufe béid Persoune festgeholl a koume viurn den Untersuchungsriichter.

Kengem ass beim Virfall eppes geschitt, et blouf beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO