Weltdag vum Diabetes10.000 Schrëtt géint den Zocker

Fabienne Zwally
D‘Associatioun luxembourgeoise du Diabète huet fir déi 13. Kéier hir Marche organiséiert, déi Kéier zu Diddeleng.
10.000 Schrëtt géint den Zocker
Zu Diddeleng huet d'ALD um Weltdag géint den Diabetes hir Marche organiséiert.

All Joer de 14. November ass de Weltdag vum Diabetes. Weltwäit soll domadder op déi chronesch Stoffwiesselkrankheet an d‘Bedeitung vu Präventioun a Fréierkennung opmierksam gemaach ginn. Och hei zu Lëtzebuerg huet d‘Associatioun luxembourgeoise du Diabète en Zeechen gesat. Zesumme beweegen fir de gudden Zweck. An de Message dohannert: All Schrëtt zielt.

10.000 Schrëtt – dat war d'Zil op dësem Samschden de Moien zu Diddeleng. Vun 8 Auer Moies bis mëttes um 13 Auer konnt een eleng oder an enger Grupp de 5 oder 10 Kilometer Parcours wanderen. Fir déi 13. Kéier organiséiert d‘ALD, d‘Association luxembourgeoise du Diabète, schonn dës traditionell Marche. Et wier engersäits eng Mesure fir d‘Präventioun, ma anerersäits wier et och eng Solidaritéitsmarche fir déi betraffe Leit.

Si schaffen all Joer zesumme mat engem lokalen Wanderveräin, fir dës Marche ze organiséieren an dofir ass se dann och ëmmer op enger anerer Plaz. Lo dëst Joer wier ee fir déi zweete Kéier zu Diddeleng an der CIPA Grand-Duc Jean lassgaangen.

Et gëtt zwee Typpe vun Diabetes. Beim Typ 1 produzéiert de Kierper keen oder bal keen Insulin. Beim Typ 2 wierkt den Insulin net méi richteg. Den Typ 1 wier méi einfach ze erkennen, well ee Symptomer hätt, wéi zum Beispill, dass een ofhëlt, méi Duuscht huet a méi Waasser loosse muss. Woubäi beim Typ 2 vill Leit net wëssen, dass se erkrankt sinn. Dat géif schläichend kommen an et géif een et net mierken. Eréischt dann, wa Komplikatiounen optrieden. Dofir sollt een als Risikopersoun sech ab engem Alter vu 45 Joer all Joer teste loossen.

Virun allem wann Diabetes an der Famill bekannt ass, hätt een e Risiko, am Alter och dorunner ze leiden. An och Iwwergewiicht kéint dozou féieren. Dofir konnt ee sech e Samschdeg och op enger entspriechender Statioun teste loossen. Fir d‘éischt gëtt e Questionnaire ausgefëllt an da kritt een den Zocker gemooss.

Der Ministesch Martine Deprez läit dëst Theema och um Häerzen a sou huet si et sech net huele gelooss, zesumme mat hirem Hond Paco mat ze trëppelen. Well och de Gesondheetsministère organiséiert zanter Joren am Kader vum Weltdag vun der Zockerkrankheet eng Campagne, wou ee sech eng Woch laang an den Apdikten teste ka loossen. An hätt een en Doute, dann einfach den Hausdokter kontaktéieren an nofroen.

Back to Top
CIM LOGO